|
Comeniusprojet „Nachhaltiges Handeln an Sekundarschulen“
Vum 4.-8. Mee 2015 waren 12 vun eisen Unesco-Schülerinnen zu Altglashütten am Schwarzwald/Däitschland. Et war no Dornbirn (Ö), Wohlen (CH) an Ettelbrëck déi 4. a lescht Etappe vun eisem Comeniusprojet „Nachhaltiges Handeln an Sekundarschulen“.
Bei dësem Austausch, zesumme mat eisen Unesco-Partnerschoulen dem Droste-Hülshoff-Gymnasium vu Freiburg i. Br. an Däitschland, dem BG Dornbirn aus Eisterräich an der Kantonsschule Wohlen aus der Schwäiz, stoung d’ Thema Energie am Mëttelpunkt. Um Programm ware Visiten vun enger Biogasanlage, enger moderner Wandmillen, dem Vauban-(Solar)-Quartier zu Freiburg an Experimenter mat Solarenergie. Virgestallt gouf och eist Handbuch op dat der all gespaant kënnt sinn. Et war eng Woch voller neier Impressiounen a Kontakter mat lauter léiwe Mënschen. Fabienne Fischer a Juliette Schroeder
|
|





