20+C+M+B+15
Op Dräi Kinneksdag, 6. Januar 2015, gëtt et fir jidfereen e Stéck Kinnekskuch, dëst Joer war dat a Sainte-Anne e Muffin. An no aler Traditioun verstoppt sech eng Boun a verschiddene vun dene Muffins. Déijéineg, déi esou eng Boun fannen, si Kinnek fir een Dag. Mir hun des Traditioun och an Sainte-Anne gefeiert. Di Schülerinne di eng Boun an hierem Muffin haten, haten di éierevoll Aufgab fir mat Kräid folgende Segenssproch iwwert di eenzel baussescht Diren vun eiser Schoul ze schreiwen: 20+C+M+B+15 CMB steet zugläich fir den Ufanksbuchstaf vun de Virnimm vun den dräi Kinneken: Caspar-Melchior-Balthasar a fir de Segenssproch: Christus Mansionem Benedicat in 2015 also: Christus soll dëst Haus,- eis Schoul an domat all déi di do an an aus ginn-, seenen am Joer 2015.
An de Pausen këmmere sech Schülerinne vum UNESCO-Grupp a Schülerinne vun der 9TE1 a 9TE2 ëm de Verkaf. Dir ënnerstëtzt mam Kaf vun enger Käerz och amnesty Lëtzebuerg. Dëst Joer steet d'ai-Kampagne ënner dem Motto: Zesummen ënnerstëtze mir Folteraffer
Petitioune fir ze ënnerschreiwen fand der ënner: http://www.amnesty.lu D'Campagne op Youtube: http://www.youtube.com
Villmools merci Fabienne
WORLD HELLO DAY 2014The world says ‚HELLO' @ Sainte-Anne
Villmools merci un IECH ALL fir d'Matmaachen S. Serres More Articles... |
|








