Antidrogenlaf 3.5.2013

Den Freiden den 3. Mee hun 1100 Schüler a Schülerinnen aus den 3 Ettelbrécker Lycéen um Antidrogenlaf deelgeholl, fir esou een Zeechen fir eng drogefräi Schoul ze setzen. Ënnerstëtzt goufen sie dobäi vum Sportsminister Romain Schneider,  der Heichschoulministesch Martine Hansen, dem Bob Leesch – Directeur régional vun der Police souwéi weider Kollegen, an dem  Här Weyrich, Procureur vun Dikrech a weider Kollegen vum Parquet. Nom Laf goufen nach divers Aktivitéiten, wéi z. B. ee Concert vun der Schülerband aus dem LTETT, am Schoulhaff vum Sainte-Anne ugebueden.

 

 héi sinn d'Fotoen