Joresthema 2014-15

 

Sief dech selwer. Du bass schéin.

Sech selwer « schéin » spieren a schéi sinn, dat ass eigentlech d'Fruucht vun enger ursprünglicher häerzlecher Kommunikatioun tëschent engem klenge Baby an deene Mënschen, déi d'Kand mat Freed bei sech ophuelen.

Dat Wuert « schéin » bedeit « schéin ugekuckt » ginn. Am Spigel-Bléck vun anere Mënschen (Elteren, Frënn, Kolleginnen, Proffen ...) léiert ee sech selwer schéin oder gräisslech, gutt oder schlecht ze spieren. Eng "schéin" Ausstrahlung ass eigentlech ëmmer e Spigelreflex.

D'Fro ass elo: A wat fir e Spigel kucken ech mech? Bleiwen ech mäi Liewe laang vum Bléck vun deenen aneren ofhängeg? Kann ech dat léieren, mech selwer "schéin a gutt" unzekucken?

Op dem Wee zou mir selwer léieren ech, mech lues a lues, fräi ze man vu bedingunsloser Upassung a vun Zwangsvirstellungen, ech ginn op Distanz vis-à-vis vu friemen Schéinheetsmodeller, ech huelen de Risiko mech vun aneren ze differenzéieren a kréien de Courage zou mir selwer ze stoen.

An deem Prozess ass et wichteg, sech kënnen op aner Mënschen ze stäipen: Mënschen, déi et gutt mat mir mengen, déi un dat Gutt an un dat Schéint a mir gleewen, déi mir hëllefen zou mir an zou mengen Eegeschaften ze stoen. Och eng befreiend Relatioun mat Gott ka mir hëllefen ze räifen, sou datt ech mech selwer "schéin an eenzegaarteg" ukucke kann.

Déi perséinlech Schéinheet ass e wichtegt Thema a beréiert vill Beräicher vum Liewen. Dëst Joresthema versprécht duefir ganz apart spannend ze ginn.