UNESCO LABEL IWWERREECHUNG
BEI LYCÉE ALINE MAYRISCH
Mir, d'UNESCO Grupp vun der Sainte-Anne sinn den 11 Juni matt der Madame Rekker an der Madame Winter häerzlech agelued ginn bei der Unesco- Label- Iwwerreechung vun der Aline Mayrisch Schoul derbaï ze sinn.
Ënnerwee haten mir ganz vill Spaass an hunn och vill Photoen gemaach. Mir haten eis kuerz verlaf mee dunn hu mir awer den richtegen Wee fonnt an sinn dunn an den Festsall vum Lycée eragaangen. All UNESCO Schoulen vun ganz Lëtzebuerg waren dobäi. Am Aline Mayrisch woren se esou léif an hunn eis Schüler vun der Sainte-Anne ganz vir an di 2 an 3 Rei gesaat. Mir sinn gutt opgefall well mir di eenzeg Schoul waren di hier Polo'en un haten.
Fir d'Ouverture huet d'Chorale vum LAML d'Lidd „We are the world" gesong. Net nëmmen d'Chorale huet eppes opgefouert mee och aner Gruppen wei zum Beispill, Sang an Danz Gruppen an och de ‚JOS' Grupp huet een kuerzen Virtrag gehal. De ‚JOS'-Grupp, „Jo zu Respekt a Solidaritéit", ass eng Grupp vun Schüler déi Aktivitéiten während dem ganzem Schouljoer organiséieren. Déi Suen déi si kreien ginn si weider un d'Maison Shalom aus dem Burundi.
Zum Schluss huet eis nach eng Band eppes virgespillt an mir sinn léif servéiert ginn mat Fairtrade Gedrénks.

Matilda VELIJA (T0CM1); Dorianne FORTES (T0CM2)
héi sinn d'Fotoen